Dir sidd Proprietär ?
Dir wëllt Äre Bien mat Serenitéit an ouni Contrainte verlounen ?
Dir wëllt Zäit a Sue spueren?
Dann sidd Dir hei richteg!

Blank Page leet grousse Wäert op d’Gestioun vun Ärem Bien

Wéi ?

Andeems mir ganz besonnesch op Är Demanden aginn, këmmere mir eis ëm all administrativ an technesch Demarchen a mir optimiséieren Är Locatiounsrevenuen.

Eis Servicer am Iwwerbléck:

  • d’Estimatioun vun der locativer Valeur vun Ärem Bien ;
  • d’Siche vun engem Locataire ;
  • d’Redaktioun vum Etat des lieux ;
  • d’Erstelle vum technesche Constat ;
  • d’Opstelle vun engem securiséierte Bail, konform mat den Evolutiounen um legislativen Plang ;
  • d’Gestioun vun Äre Contrat de bailen ;
  • de Suivi vum Abezéie vun de Loyeren ;
  • d’Ausrechne vun der Indexéierung vum Loyer;
  • d’Opstelle vun den Decompte annuel ;
  • d’Deelhuelen un den Assemblée générale vun der Koproprietéit;
  • d’Reegelung bei Sträitfroen, de Recouvrement am Fall vun onbezuelte Loyeren ;
  • d’Ënnerhalts- an d’Maintenanceaarbechten un/an de Gebaier;
  • d’Realisatioun an de Suivi vun de Renovatiounsaarbechten an de Reparaturen ;
  • asw.

Eis Stäerkt ass, d’Fäegkeet all Corps de métieren a Rekordzäit fir Iech z’organiséieren; mir funktionéieren an enker Zesummenaarbecht mat enger Societéit an där all Corps de métieren vertruede sinn, déi fir d’Maintenance oder d’Renovatioun vun Ären Immobilie gebraucht sinn.

Eng komplett, eng partiell oder eng personaliséiert Gestioun – alles ass méiglech, esou wéi Dir et braucht !

Zéckt net a kontaktéiert eis !

This site is protected by reCAPTCHA and the Google Privacy Policy and Terms of Service apply.