Eis Frais'en

De Verkaf vun engem Bien immobilier

Am Allgemenge sinn d’Agencekäschten à charge vum Client deen d’Agence beoptraagt.

Eis Kommissioun fir de Verkaf vun engem Immeuble beleeft sech op 3% + TVA 17%.

- D’Bezuele vun der Kommissioun ass vum Verkeefer z’iwwerhuele wann dësen ee Mandat mat der Agence ënnerschriwwen huet.

- Allerdéngs, vu dass d’Déngschtleeschtung vum Agent net nëmmen dem Verkeefer, mee och dem Keefer zoukënnt, kann envisagéiert ginn d’Käschten ze deelen.

- D’Bezuele vun der Kommissioun ass vum Keefer z’iwwerhuele wann dësen ee Mandat de recherche mat der Agence ënnerschriwwen huet.

D’Estimatioun vun engem Bien

D’Estimatioun ass gratis wann de Client ee Mandat de vente ënnerschreift.Wann de Client sech ausschliisslech un d’Agence wennt fir de Bien schätze ze loossen, belafen sech d’Käschten op 5,5 Euro TTC/m2 Wunnfläch oder Kadasterfläch.

Cessioun vun engem Fonds de Commerce

Eis Kommissioun beim Verkaf vun engem Fonds de commerce beleeft sech op:

- 5% + TVA 17% vun der Valeur vun engem Fonds de commerce tëscht 0 an 100 000 Euro ;

- 4% + TVA 17% vun der Valeur vun engem Fonds de commerce tëscht 100 000 an 500 000 Euro ;

- 3% + TVA 17% vun der Valeur vun engem Fonds de commerce iwwer 500 000 Euro.

Locatioun vun enger Wunneng

D’Kommissioun beleeft sech op 1 Mount Loyer + TVA 17 %, à Charge vum Locataire, ausser et ass anescht an der Annonce festgehalen.

Den Etat des lieux

D’Agencekäschte fir een Etat des lieux belafen sech op 125 Euro TTC, à Charge vun der Partie déi d’Agence mandatéiert huet.

Den Etat des lieux gëtt net separat facturéiert wann ee Mandat de Location ënnerschriwwe ginn ass.

D’Gestion locative

D’Käschte fir d’Gestion locative belafen sech op 2%+TVA 17% vum Joresloyer.

This site is protected by reCAPTCHA and the Google Privacy Policy and Terms of Service apply.